Eis Holzkamäiner bauen mir fir Iech traditionell als Grond-, Warmloft- oder Kombi- Uewen an als Kachel- oder Heizkamäin.
Loosst Iech inspiréieren vun der purer Loscht op Feier an den eegenen 4 Wänn an spiert déi angenehm an gesond Hëtzt.
Den Asaz vun héichwäerteg, laanglieweg an ëmweltbewosst Materialien maachen aus ärem Feier-Dram Wierklechkeet. Den neiste Stand vun der Technik erméiglecht et och eis Holzkamäiner an Niddregenergie- wéi Passivhaiser anzebauen.
Mir plangen individuell op den Computer iwwer 3D-CAD an weisen Iech e Foto-realistesche Bild vun Ärem perséinlechen Feier Dram.
Dir fannt an eisen Showroom eng grouss Varietéit un Holzkamäiner mat feiereg Iddien a Virschléi.
Natierlech kenn dir dann och een Probefeier selwer ufänken.
Mir freeën eis op Äre Besuch.